Suiten vun Italien-Lëtzebuerg: Nom Match vu Parma deen annuléiert gouf well de Grondbuedem net stabel war, huet di italienesch Nationalequipe 3 Deeg méi spéit grad um “Lëtzi”-grund zu Zürich géint Russland gespillt.

Malteser sinn in: D’Malteser Kräiz huet elo an der Äredbieweregioun gehollef wéi Italien-Lëtzebeuerg net  konnt gespillt ginn an de Week-end hunn d’Malteser selwer zu Lëtzebuerg gespillt.

Italien huet de Moment de schwaarze Péiter: Et gëtt eng Parallel tëscht dem Wettskandal an Italien an dem finanziellen Skandal am Vatikan. Während dem op der Petersplaz scho wochelaang déck Loft ass huet elo d’Police de Nationalspiller Domenico Ciscito am Viséier, den zu Sankt Petersburg spillt.  

Keng  Zaldoten méi fir den Diktator: D’Oppositioun huet a Syrien e Restaurant opgemaach wou guer keng Zaldoten hindierfen a nëmmen Zaloten preparéiert ginn. De Restaurant heescht « Bachar-el Salad ».

60 Joer um Troun: D’Elisabeth 2 ass schon esou laang um Troun well hire Successeur vill Gaffe mëscht. Seng lescht ass datt de Prince Charles vu Wales de Fransousen gesot huet, déi op der EM an der selwechter Grupp sin wéi England; fir d’EM wier hien net de Charles de Galles mä de Charles de Goal. (De Charles de Gaulle war jo dacks am Klintsch mat England).

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...