
Skandal hei zu Land wéinst der Affär Wickreng/Léiweng: De Groupe Rollinger soll ënner Drock gesat gi sinn, fir säi Projet zu Wickreng falen ze loossen. Fir sech erëmzekafen a fir dat jiddereen zefridden ass, gëtt dru geduecht, e grousse Shopping-Zenter an e Stadion am „Rollinger“-Gronn ze plangen.
Legislativ-Wahlen a Frankräich dëse Sonndeg: Et gëtt gesot, datt d’Ségolène Royal Presidentin kinnt ginn vum Parlament. Dat kéim net gutt un, wann dem President seng Ex-Partnerin d’Haaptpersoun wier a senger „Chamber“.
60 Joer um Troun: D’Queen Elisabeth vu Windsor huet während hiren deeglaange Feierlechkeete Pech gehat, well et ganz vill gereent huet. Si huet andauernd am Reen gewonk an huet ausgesinn, wéi en Autoswicher. Si gëtt och elo op der Insel “Windsor”-screen Wiper genannt.
Verkafsoppene Sonndeg vum 15. Juni un: Dëse Weekend kënne jo all déi, déi dogéint sinn, nach richteg vum dësem Sonndeg ouni Ouverture profitéieren an di zoue Geschäftsdiere genéissen, besonnesch wann se ze spéit u waren, fir de Mammendagskaddo ...
EURO 2012: Et sinn nei supplementar Arbitteren agesat ginn, déi eng grouss Responsabiltitéit hunn. Si mussen nämlech decidéieren, ob de Ball hannert der Linn ass an dat obwuel se hannert dem Filet stinn. Fir dat kënnen ze maachen, goufe si vun den Aendoktere genee getest, ob hir Netzhaut an der Rei ass.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...