Gemeinsamkeeten: De Lance Armstrong an de Rafael Nadal hunn alle béid 7 Mol am Frankräich gewonnen. Genee wéi de Cycliste huet de Nadal e starken Arm also en “Arm strong”. D’Fro ass awer just ob den Armstrong di Victoiren nach laang behält.

Tour de France: 6 vu 7 Tour de Francen hunn de Lance Armstrong an de Johan Bruyneel gemeinsam bei US Postal gewonnen. Et ginn awer berechtegt Zweiwel ob dat korrekt war. De Johannes US Postal ass bestëmmt net esou helleg wéi den Johannes Apostel.

Affär Wickreng-Léiweng: Ee sicht den aneren un. Et goufen bei den Projeten Wickreng a Léiweng zwar keen Akafszenter a keen Nationalen Football-Terrain gebaut mä mer riskéieren duerch di ganz vill Geriichtsaffären e neit Geriichtsgebai bauen ze mussen.

Oranjeteam: Ganz vill Hollänner si voller Optimismus mat ville Caravannen an d’Ukraine gefuer. No den 2 Defaiten ginn hir Gefierer elo net méi Cara-wannen genannt mä éischter Roulotten.

Nationalfeierdag: Muench fanatesch Lëtzebuerger denken drun de Nationalfeierdag op en aneren Datum ze verleeën well et kann all 2 Joer virkommen datt op eisem Nationalfeierdag méi portugisesch, däitsch, italienesch…Fändelen ze gesi sinn wéi lëtzebuergesch Fändelen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...