
Nationalfeierdag: An der Kathedral ware géint 11 Auer d’Feierelechkeeten ugaangen. E puer Octavë méi intensiv war di selwescht Zäit de Sound um Rock-A-Field. Dat wat Motörhead gespillt huet, war och net grad wéi um Te Deum.
Replay: Ëmmer méi Leit kucken op der Télé oder um Internet d’Matcher am Replay. Dat wäerten dann och déi sinn, déi e puer Stonnen no de Matcher nach duerch d’Stroosse fueren an tuten.
EURO 2012: No der Véirelsfinale am Norde vu Polen sinn di Däitsch verdéngt an der Halleffinale an d'Merkel seet de Griichen Gdanske-schön, fir den EURO ze verloossen.
Aarbechtswelt: Laut dem Statec sinn 71 % net Lëtzebuerger um Aarbechtsmaart a vill sinn am Chômage. Esou héich war den Taux zanter "Adam an Eva" nach ni. A propos EM ... Och am Football ass den Taux vun den auslännesche Spiller ganz Héich. Also sinn “ADEM an U-EFA” gefuerdert.
Antidoping: Et sinn nach ni esouvill Bluttprouwe geholl ginn wéi während dësem EURO. D’UEFA wollt och e Moment di 4 Gruppen A, B, AB an 0 nennen. D’Ukrain, Frankräich, England a Schweden wollten awer net datt hir Grupp 0 heescht obwuel d’Fransousen, déi weider komm si géint d’Schweden, 0 waren.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...