Weider keng Nuetsflich um Findel: D’Fransousen an de Samir Nasri wollten den Owend no hirer Eliminatioun bei der EM um Findel landen fir di franséisch Presse z’evitéieren. Mä dat goung net well an der Nuecht um Findel nach ëmmer Fluchverbuet ass.

Integratioun duerch de Football: Trotz Eliminatioun an der Halleffinale ass d’Integratioun vun den Türken an Däitschland ugespornt ginn duerch d’Beispill vum Mezut Özil. Zanter dem Succès vun dem Spiller besteet awer bei eisem Noper de Risk datt si ëmmer méi  Demandeurs d’Özil hunn.

Iwwerflësseg Supporter: Och op der EM waren vill Hooligans ënnerwee déi nëmmen Alkohol drénken an deemno quasi kee Waasser zousechhuelen. Firwat gëtt den Ufank vum Wuert Hooligans awer mat H2o geschriwwen?

Economie an EM: Vill Fussballsupporter hunn am Verlaf vun der EM den Alibi fir vill Suen auszeginn fir sech iwwerflësseg Artikelen ze kaafen  wéi zum Beispill eng nei Tele obwuel se schonn eng hunn...Am Meeschten Suen hunn déi Fans ausginn déi hirer Fra verklickert hunn si géifen sech en Auto kafen fir tëscht di 2 Fändelen vun hirer Lieblingsnatioun ze stellen.

Boycott vun der Finale: Ganz vill Politiker ginn der UEFA e Kuerf a komme net fir d’Final vun der EM. D’UEFA kritt um Sonndeg an der ukrainescher Haapstad deemno méi wéi een Kuerf also Kiev.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...