Ethylotest a Frankräich zanter dem 1. Juli obligatoresch: An der Ëmgéigend vu Bordeaux wou jo ganz vill gudde Wäi gedronk gëtt, soll eng aner Variant vun Ethylotester probéiert ginn bei de Wënzer well si esouguer beim Fueren drénken. Do muss de Chauffeur blosen fir datt de Moto ausgeet.

Nei Carrière:
Den ex Stater Buergermeeschter huet als Deputéierten demissionéiert well hie neie President vum Verwaltungsrot vun der Luxair gëtt. Ass dat logesch datt een, den sech ëmm dat këmmert wat am Himmel passéiert, Hell-minger heescht.

Ze vill Massechutten am Tour: An Amerika hat bal all Stat säin eegenen Tour. An engem Stat gëtt keen Tour méi gefuer well et dacks Massechutte gouf. Et ass dat den Tour, den ronderëm Boston organiséiert gouf, an zwar war dat den Tour duerch Massechutes-ses.

Elo gëtt et eescht: An der Doping Affär vum 7 fache Tour de France Gewënner kläert sech lues a lues alles op. Wann de Neil Armstrong als Held ugesi gouf wéi hien um Mount gelant war gëtt den Duo Bruy-Neil Armstrong bestëmmt geschwënn verdaamt.

Liichtathletik EM:  A Finnland war et am Verlaf vun der EM quasi ni däischter ginn och net an der Nuecht. Et war deemno eng richteg Liicht-athletik EM zu Hell-sinki.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...