
Gebuertsdag: International gëtt vill iwwert d’Grupp Rolling Stones geschwat wéinst hire 50 Joer Carrière. National gëtt vill iwwert d’Steng geschwat déi dem Promoteur an der Affär Wickreng/Léiweng an de Wee gehäit goufen. Mer schwätzen hei also vum Grupp Rollinger Stones.
Maillot Jaune: 2010 gouf ganz vill iwwer de Steak vum Contador geschwat. Dëst Joer schwätze vill Leit iwwert d’Koteletten vum Bradley Wiggins. Wahrscheinlech sinn dës och méi grouss wéi dem Contador säi Steak.
Sport an Technologie: D’Firma Sky, de Sponsor vum Leader vum Tour de France, ass genee wéi am Tour der Konkurrenz wait viraus a send verschidden Emissiounen iwwer 3G Réseauen. Et gëtt och dru geduecht nom Tour, als Publicitéit, de Numm vun hirem Leader WiGGGings mat 3G ze schreiwen.
Schlecht Météo: All Joers ëm dës Zäit huelen ech e Rendez-vous am Garage fir den Auto fir d’Vakanz prett maachen ze loossen. Dëst Joer ass et fir d’éischt wou ech an engems d’Wanterpneuen drop montéiere loossen.
Vakanzentrafik: Wéi ech d’lescht a Flandern war hunn ech mech gefrot wisou et hei eng Gemeng géif ginn déi Berchem heescht? Ech war e Samschdeg op der Aire de Berchem, wou nëmme Flammännesch geschwat gouf. Elo weess ech wisou.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...