
Medikamenter am Sport: D’Diueritiquë si jo gutt, fir d’Salz z’eliminéieren. Och ouni dës bréngt den F91 et vläicht fäerdeg, Salz-burg z’eliminéieren. D’Victoire vum Lëtzebuerger Champion war och zoufälleg grad deen Dag, wou d’Doping-Affär mat den Diueritiquë bekannt gouf.
Lëtzebuerger Delegatioun: Et ass elo nach méi kloer, datt de richtege Coureur vum Comité Olympique nonominéiert gouf fir op London. Fir 2 Nimm, an zwar den Andy a schlussendlech och de Fränk z’ersetzen, war et kloer, datt e Coureur mat 2 Nimm genannt misst ginn an zwar de Laurent Didier.
Médecine douce: Rousen a virun allem Rousentéi si bekannt, fir méi urinéieren ze loossen. Schued, datt kee Gala Tour de France ass. Muench Cyclisten hätten um Rousegäertchen bestëmmt natierlech dreiwend Produitë fonnt an et wiere keng verbuede Produiten néideg gewiescht.
De Ramadan huet ugefaangen: Well jo vu Sonnenopgank bis Ënnergank d’Muslimen näischt sollen zou sech huelen, gëtt a Länner wéi Norwegen gefaart, datt verschidde Gleeweg vun de Bee kinnte falen, well d’Polardeeg jo och an där Period sinn an do u sech d'Sonn quasi ni ënner geet.
Et ass Zäit, datt d’Olympesch Spiller ufänken: Enn der Woch goufen et Bëschbränn an der Péloponèse net wäit ewech vun der Stad Olympia. Et ass deemno gutt komm, datt di Olympesch Flam elo op London transferéiert gouf.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...