
London 2012: Op der Erëffnungzeremonie hat den Danny Boyle bei der 1. Szene d’Liewen op der Farm gewisen. Verschidden Déieren a virun allem Kéi waren am Mëttelpunkt. Vill Leit wollte déi Szene net mä de Boyle krut d’Ënnerstëtzung vum President vum Organisatiounscomité Sebastian Kou.
Olympia direkt de Cyclissem: Zu London war et quasi di eenzeg Course vun der Saison wou d’Cyclisten keng Oreilletten hunn dierften undoen. Si waren also emol eng Kéier net mat hirem Directeur Sportif connectéiert. Komesch dat grad déi Kompetitioun “course en ligne” genannt gouf.
Erëffnungzeremonie: Op der Zeremonie hat nees baal all Athlet e Fotoapparat fir Souveniren ze knippsen oder huet dat mat sengem Handy hin an hir gezoomt. Op der Wanter Olympiad ass dat wéinst der Kält anëscht wéi op der Zoomer-Spiller.
Europapokal an Energiedrinks: Am 2. Tour vun der Championsleague huet den F91 d’Equipe vu Red Bull eliminéiert. Bei La Gantoise géint Déifferdeng huet den Rodgers Kola de decisiven Goal geschoss an Déifferdeng gouf eliminéiert.
Football a Religioun: 8 Spiller déi um Bou waren bei F91 géint Salzburg praktizéieren de Ramadan. No der Qualifikatioun hunn sech di Meescht vun hinnen vu Freet an Direktioun Becca gedréint.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...