Oppassen bei den Télépeagen a Frankräich: E Chauffeur mat engem Chip an der Fënster koum op all Payage schëtzeg virun. Wéi hien awer vun der Autobunn erof war a bei eng Zugbarrière koum, huet säin Chip gepiipst an d’Barrière goung op...

Grouss Vakanz: D’Léierpersonal fänkt esou lues un sech un di nei Terminologie an der Grondschoul ze gewinnen. Wann si en Zuchticket reservéieren da froen si keen Ticket 1. Klass oder 2. mä en Ticket Cycle 2.1 oder Cycle 2.2.

Olympesch Goldmedaile am Relais 4 Mol 100: Mëttlerweil hunn d’Jamaikaner esou vill gutt Leefer datt si e Relais 100 Mol 4 kinnten opsetzen a nach gewannen.

US Open: Firwat keng Koppel Minella/Muller am Double mixte ? Si sinn dach esou stark am Eenzel. De Mulles fäert, datt wa si dacks géifen verléieren, de Spëtznumm vum Duo Minulles géif sinn.

Lance Armstrong: Hien huet et net méi gepackt permanent a Fro gestallt an duerch Waasseranalysen op Doping kontrolléiert ze ginn. Hien gouf elo kuerz am Texas op der Autobunn vun enger Patrouille ugehalen a kontrolléiert. Den Armstrong, huet aus Gewunnëscht, an de Ballon urinéiert aplaz ze blosen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...