Bekannt Leit déi eis fir ëmmer verlooss hunn: Fir d’Frënn vum Guru Moon a vum Astronaut Neil Armstrong  war et wierklech kee gudde Mount.

Vakanzenzäit/Concertszäit: Ech hat mat engem grousse Fan geschwat den 2 Deeg virum Concert scho virun den zouenen Stadiondieren gewaart huet. Ech hunn de Sënn awer net agesinn well di Persoun eng nummeréiert Plaz op der Tribün hat.

Problemer am Traffic bei Lëtzebuerg-Portugal: Tonne Leit, ënner hinnen och vill Stee-metzer wollten dee Lännermatch kucken. Et huet iwwerall blockéiert besonnesch op der Autobunn aus der Direktioun Loutrengen also op der Stee-Metzer Autobunn.

De Star vu Lëtzebuerg-Portugal: De Cristiano Ronaldo huet nees stark gespillt. Hien huet 1 Goal geschoss an 2 Mol de Poto geroden. Hie war kloer de beschte Poto-gis.

Paralympics/Olympesch Spiller: Et war scho laang dru geduecht ginn fir e behënnerten Athlet bei den Validen partizipéieren ze loossen. Kloer war och datt et op der Liichtathletik-Pist misst sinn. Den Oscar Pist-orius war genee de richtegen Athlet.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...