Stark Rout Léiwen: Am Football ass di Lëtzebuerger Nationalequipp ganz gutt duerch d'Entréesdier vun der d’WM-Qualifikatioun komm. Si hunn e gudde Match géint Porte-ugal gespillt an e Gläichspill an Nord-dier-land färdeg bruecht. Elo wier et ubruecht e Preparatiounsmatch géint d’Tür-kei z’organiséieren.

Diskussioune wéinst dem Transfert vum Aurélien Joachim: De Stiermer koum virun engem décke Joer vum Déifferdenger Thi-llebierg an ass elo op Til-burg gewiesselt. Den F91 ass rosen well hie wéinst sengem Transfert refuséiert hat, mat op op Til-Aviv ze fléien.  

US Open: Di Amerikanesch Tennisfederatioun USTA huet den Tournoi organiséiert. Et huet nach ni esou e feste Wand geblosen wéi dëst Joer a verschidde Matcher hu missten annuléiert ginn. D’US Open waren e richtegt USTA E-vent.

Dëse Summer si ganz vill Leita Fligeren gebuer: Dowéinst gëtt d’Personal vun de Fluchgesellschaften geléiert an Urgencen e Kaiserschnëtt ze maachen oder eng Cés-aérienne.

Groussherzoglecht Reglement: Vum 1. Oktober u sinn d’Wanterpneuen obligatoresch. Okay; just pour Info: Den 1. Oktober 2011 hate mer hei am Land eng Maximaltemperatur vun 25 Grad ...

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...