2 Joer Profi: Eisen Zäitfuerspezialist huet bei RNT en 2 Joers Kontrakt ënnerschriwwen. Hie wier awer bestëmmt besser bei Leopard bliwwen well do goufen et manner Problemer. Souwisou passt de Bob Djungels besser bei Leopard…

Bal an der Gruppephas vun der Championsleague: Den F91 huet de leschte Week-end och géint Benfica gläich gespillt allerdéngs awer géint den RM Hamm Benfica. Och de Week-end virdrun gouf et e Remis. Läit nom Depart vun hirem Starstiermer de Joa-Rimm bei hinnen erof?

Pädophilie: D’Kierch wëll Distanz par rapport zu den Pädophilie Accusatiounen vun de leschten Joerzéngten huelen. De beschte Moyen ass definitiv net dem Dutroux seng ex-Fra an en Klouschter opzehuelen. Elo wëll och den Dutroux selwer fräi kommen. Si wäerte jo net… 

Verbuede Foto: Wann de Paparazzi den Hënner a plaz Brëscht vum Kate Middleton fotographéiert hätt dann hätt d’Prinzessin bestëmmt keng En-Kate ugefrot well Si jo e
Mon-arsch ass.

Provokatiounen a Karikaturen: Et sinn der soen datt op den Oben Ohne Fotoen vum Kate Middleton e ganz klengen Tattoo ze gesinn ass. Op dem Tatoo soll di éischt Säit vum satireschen Magazin Charlie Hebdo duergestallt sinn. Dat kann een awer net erkennen. Fazit: D’Paparazzi gi vläicht ze wait ?

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...