Et kann heiansdo séier goen : D’FLF spillt mat der Iddi de zukünftegen neien Stadion „Ierfgroussherzogin Stéphanie“ ze nennen vläicht ginn da méi séier Decisiounen geholl…

Nei Medezinspezialitéit?: Dës Woch waren vill Leit zu Lëtzebuerg besuergt well si gefaart hunn eise Premier wier krank. Hie muss bal eppes seriéises hunn fir bis a Russland ze fléien bei säin Homologue.

Héigen Débit: Bei Orange steet jo geschwënn mam 4G Réseau e ganz héigen Débit am Mëttelpunkt. Bei Arcelor, mam oranjen Logo, ass bei Fl-Orange nëmmen 1 G am Numm mä do steet och en héigen Débit vun Dommheeten am Mëttelpunkt. Et soll jo och elo zougemaach ginn.

D’Sportssenderquoten sinn eraus: D’Sportsfrënn sinn net esou zefridden. Et ass baal ëmmer nëmmen Billard op deenen Chaînen ze gesinn a Velo. Dat ass besonnesch krass wann Tour de France Zäit ass. Am Fong mëscht dat Sënn well an deenen zwou Disziplinnen gëtt de Gewënner bal ëmmer um gréngen Dësch ermëttelt.

De Lewis Hamilton geet bei Mercedes: Di zwou Koppelen déi am Meeschten vun de Paparazzi fotographéiert ginn sinn d’Kate an de William an d’Nicole Scherzinger an den Lewis Hamilton. Besonnesch ginn d’Kate Middleton an de Lewis Hamilton geknipst.D’Paparazzi nennen di 2 “Hamiddelton”.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...