Kee Stroum: De Match vum 8. Spilldag am Fussball tëscht dem RFCUL a Käerjeng gouf ofgebrach. D’Luuchte goungen um Verluerekascht net méi wéinst enger Stroumpann. Et ass een e wéinesch erstaunt wann ee weess datt dee Stadion an der Rue Auguste Lumière ass.

Di Syresch Oppositioun ass op Visite: dëst a ville Länner a  geschwënn och bei eis. Si kommen bestëmmt bei d’Presidenten vun eise gréisste Parteien. De Michel Wolter, President vun der CSV, a Buergermeeschter vun der Gemeng mam neie Numm Käerjeng, wees wéi een dem Numm „Bachar-age“ lass gëtt.

Prënzenhochzäit: De neien Timber vu 0,85 €, wou een eis Koppel bis bal bei d’Knéien gesäit, kënne vill Leit aus Respekt net op der Récksäit lecken.

Wettskandal am franséichen Handball : De Champion Montpellier soll sech jo um 3. leschte Spilldag vun der Saison 2011-2012 géint Cesson verléiere geloss hunn. Wéinst dem Skandal ass fir verschidde Staren, wéi de Nikola Karabatic, d’“Cesson“ 2012-2013 schon eriwwer…

Et sollen der anscheinend ongewollt gedoppt sinn?D’ALAD, eis Anti-Dopping Agence, sollt den 8. Oktober de Fränk Schleck gesinn; dat gouf awer verréckelt. Si wollte vläicht kucken wéi  d’Decisioun fir d‘Anti-Fëmmgesetz ass. Dat Gesetz soll jo dat passiivt Fëmmen verhënneren. Si wëllen wahrscheinlech och am Velosport en Anti-Doppinggesetz stëmmen fir dat passiivt Doppen ze verhënneren.

Audio: AUDIO: D'Flunckernews vum Serge Olmo lauschterern.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...