
Bravo! Lëtzebuerg ass neie Member am Sécherheetsheetsrot vun der UNO: Ee vun de Problemer vun der UNO ass et zanter Joeren, d'"Sans Papiers" an di gefälchte Papeieren an de Grëff ze kréien. Wousste si beim Vote zu New York, datt bal een Drëttel vun de Lëtzebuerger Carte d'identitéen net an der Rei sinn? Hoffentlech huet eisem Ausseminister seng Kaart keng Problemer. Och grousse kommerzielle Succès vun eiser Prënzenhochzäit: Et solle d‘Ticketen fir d’Zeremonie an der Kathedral um Schwaarzmaart verkaf gi sinn an anscheinend konnt ee VIP-Tickete fir d’Hochzäitsmass um grousse däitsche Wettportal "bete and win" gewannen.
Maniffe géint d’Pensiounsreform: Et huet een sech gewonnert, datt den LCGB op Nidderaanwen manifestéieren gaangen ass ënner anerem géint den "âge légal", dee mat 65 Joer immens héich ass. Vläicht hat d’Gemeng Nidderaanwen besonneschen Interessi un där Manifestatioun, well de Buergermeeschter 64 Joer huet?
Amerikanesch Wahlen interesséieren Europa ëmmer méi: An Däitschland ass an den amerikanesche Grillrestauranten, wou de Rumsteak tromp ass, ze spieren, datt de republikanesche Kandidat ënnerstëtzt gëtt. De Renner ass do op muenche Kaarten: "Pommes Mit Romney-steak".
Escher Terrain gespaart: No de Problemer am Match géint Gréiwemaacher muss di Escher Jeunesse den nächsten Heemmatch op neutralem Terrain spillen. Di Escher hu wëlles, Protest unzemellen, fir awer kënnen op der Escher Grenz unzetrieden. Si argumentéieren, datt eng Grenz, historesch gesinn, ëmmer als neutrale Terrain gekuckt gouf.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...