Groussen Internationalen Dammentournoi: D’Claudine Schaul ass dëst Joer schonn an der Qualifikatioun vum Tournoi eliminéiert ginn. Dës Editioun konnt et einfach net klappen op der Coke-elscheier.

Doping: Déi international Vëlosfederatioun seet, datt déi aner Federatioune virun hirer eegener Dier solle kieren. Am Vëlo wier et wéinstens kloer, datt wat een manner gedopt ass, wat ee méi hannen am Peloton fiert. Déi propperst Coureure si ganz hannen. Dowéinst sinn se och ganz no bei der „Voiture Balai“.

D'Republikaner sprangen op alles: Et ass zwar traureg, mä munch Supporter vum Romney spekuléieren op d'Sandy, fir d'Wahlen ze wannen. Verschiddener nennen déi Partei „Republi-Orkaner“. Donieft gëtt elo ganz vill den Dmitri Medwedew gelueft an der Pussy-Riots-Affär an dat vum DMittri Romney.

Offiziell an net offiziell Produiten: No eiser Prënzenhochzäit si scho verschidden zimlech „offiziell“ Produiten am Ëmlaf wéi e Lidd, e Buch oder en Timber iwwert d‘Koppel. De Succès zitt Fälschunge mat sech. Eng Pizzeria huet elo zum Beispill op hirer Kaart eng Pizza FungGui-llaume an eng Pizza Reine Stéphanie.

Sponsoring: No méi wéi 10 Joer koum d'Autosmarque Opel 2012 nees an de Sport-Sponsoring zeréck, zum Beispill bei den FC Bayern an den AC Milan. No der Presentatioun vum Parcours vum Tour de France 2013 an dem Grand Départ op der "Ile de Beauté" freet sech d’Firma, ob se net soll den TDF sponseren an dat mam Opel Corsa.

AUDIO: Flunkernews vum Serge Olmo (3. November 2012).

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...