Refus fir an di europäesch Zentralbank: Fir d’éischt kritt de President vun der lëtzebuerger Zentralbank nee gesot well éischter eng Fra de Poste soll kréien an dann blockéieren d’Spueneier. Et leeft zwar de Moment näischt riicht. A well alles schif geet, gëtt den Yves Mersch och Mersch Schif genannt.

Stroumpanne beim Match Racing-Käerjeng: Nodeem di Käerjenger de Match Forfait gewonnen haten ass d’Decisioun elo am Suspens. Fir de Käerjenger Buergermeeschter ass et kloer datt de Stroum net staark genug war an datt seng Equipe misst di 3 Punkten kréien. Hie wees vu wat e schwätzt den Här Volt-er.

Lëtzebuerger Team wënnt an der F1: De Finn Kimi Räikkönen krut no der éischter Victoire vu Lotus 25 Punkten. Dat verstinn ech net…Ech kommen nëmmen op 7 Punkten an zwar 3 Punkten op den 3 „i“en an 2 Mol 2 Punkten um „a“ an um „o“.

De Poopst Benoit de XVI geschwënn op Twitter: Dëst fir méi modern ze sinn a fir de Mënsch besser kennen ze léieren den hannert senger Funktioun steet. Dat dierft awer net einfach sinn d’Religioun ze vergiessen wann an all Tweet vun him  en Hashtag (#)  ass  wat u sech 4 Kräizer sinn, déi 2 an 2 openee sinn.

Lëtzebuerg-Schottland um Mëttwoch: Et gouf ee Moment dru geduecht bei dëser Joerszäit de Match entweder zu Déifferdeng oder zu Hesper ze spillen. Mä well d’Schotten „The Tartan Football  Team“ heeschen an a Blo spillen gouf decidéiert fir op den Josy Barthel ze goen do wou di schéin nei Blo Tartanspist ass.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...

AUDIO: Flunkernews 39