
Manif Cargolux-Luxair: Si gouf dës Woch vun de Gewerkschaften organiséiert ënner anerem géint d’Investissementer aus dem Noen Osten. Dofir waren mat OGBL, LCGB an NGL-SNEP d’Syndi-Qatar mobiliséiert. Kuerz no der Manif hunn sech déi Investisseuren elo zeréckgezunn.
Problemer fir an den Directoire vun der BCE: Den Yves Mersch soll dach de Lëtzebuerger Sëtz am UNO-Sëcherheetsrot froen. Bei dëser Finanzkris wier en erfuerene Banquier wéi de Mersch wichteg fir den Generalsekrär vun der UNO de Banquier Moon.
D’Coque feiert : De Centre National Sportif et Culturel um Kirchbierg feiert seng 30 Joer. Si wollten muench lëtzebuerger Sportler, déi och deen Alter hunn, op e Fest invitéieren . D’Claudine Schaul ass an hirem 30. Joer. Si wollten hat awer grad elo net mat Coque a Verbindung setzen.
Zlatanmania: Nom 4-2 géint England, wou de Zlatan 4 Goaler geschoss huet, gëtt a Schweden dru geduecht d’National-Hymn ëmzebenennen an zwar soll se am Football an Zukunft „Ibrahymnovic“ genannt ginn.
Di Schottesch Nationalequipe an der Bicherwoch zu Lëtzebuerg: Den Dag nom Match goufen d’Buchpräisser presentéiert an dëse Week-end sinn d’Walfer Bicherdeeg. Um Terrain gouf virum Match géint Schottland de groussen Déifferdenger Defenseur fir säi Gebuertsdag gefeiert an zwar ass dat den Ante Book-week.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...