Absolute Chaos bei der UMP: Den Alain Juppé, Buergermeeschter vu Bordeaux, ass geruff ginn fir am Krich tëscht dem Copé an dem Fillon ze schlichten. Fir an dem „Bordel“ kënnen den Iwwerbléck ze kréien hu si also e Bordel-ais gefrot.

De Marco Mille huet jo de Premier ofgelauschtert: Dat huet een am Joer 2 Mille 008 un den James Bond erënnert. Den OGBL ass entsat well esou eppes laut „Onofhängegen Gewerkschaft Bond (James Bond) Lëtzebuerg“ nach ni hei fir komm.

De Josy Barthel gëtt renovéiert an d’Pist gëtt eweg geholl: De Racing mellt sech fir Pist vum Stadion ze kréien. Den RFCUL huet nämlech Problemer mat sengen Luuchten wéi dat de Match géint Käerjeng gewisen huet an dofir wier d’Liicht-athlethikspist idéal.

Formule 1: Beim leschte Grand-Prix si mer mer gewuer ginn datt Lotus fir d’Saison 2013 mat Coca Cola e neien haapt Sponsor wäert hunn. Beim Räikkönen steet de normale Cola um Auto, beim Gros-jean wäert Cola Light drop stoen kommen.

Griicheland ass ëmmer méi aarm: Mëttlerweil, wann een als Westeuropäer a Griicheland op eng Bank geet fir e Prêt ze maachen, gëtt ee gefrot wéivil een dann der Bank ka léinen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...