De Kleeschen: De Moment sinn d’Lais an de Schoulen vill ënnerwee. D’Kanner hunn all Mutzen un an da verbreeden si sech. Et kritt also ee Kand vun dem aneren dee penibelen Cadeau. Leider gëtt sech elo a ville Famillen net op d’Mutz vum Nicolaus konzentréiert mä op d’Nicolaus.

Palestinien ass elo e Staat ginn: Wann de Yasser Arafat dat nach kéint gewuer ginn da géif hie sech vu Freed a sengem Graf ëmdréien. Ass et vläicht dowéinst dat hien dës Woch exhuméiert gouf?

No der Coupe ass am Fussball d’Wanterpaus: All Grad manner gi manner Leit op de Gradins. Et ass och net fir näischt datt dëse Weekend d’Wanterpaus ufänkt well et ass jo Pokal.

D‘Fola am Derby ënner Dock an den Aachtelsfinallen: De President wëll onbedéngt ënnert di 8 Bescht kommen. Hien huet seng Piloten an  der F1 ënnert di 8 Bescht bruecht also wëll hien dat och mat senger Fola. D’Victoire an den Aachtelsfinallen ass also e Must fir de Lopez Geraachtels.

Vläicht e Chineseschen Investisseur fir d‘Cargolux: Wéi elo iwwer d’Agencen vu Pekin ze héieren ass géif vläicht an Zukunft d’Apaken vun de Fligeren oder de „Pack in“ mat hëllef vu Finanzen aus Direktioun Pekin realiséiert ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...