
Suiten vu Florange: Am “Mëttel-alter” goufen d’Déifiewen, wou den Eisenerz verschafft gouf, lues a lues ofgeschaf. Elo sinn et éischter d’Héichiewen di riskéieren ze verschwannen an dat am “Mittal-alter”.
Geheimdéngschter: D’Filmer vum bekannteste Spioun James Bond ginn ganz dacks zu Nassau gedréint, der Haaptstad vun de Bahamas. All d’Leit vu Nassau hunn also vill mat de Geheimdéngschter ze dinn. Déi Geheimdéngschter hu sech deemno vläicht och fir den Henri vu Nassau interesséiert.
International Politesch Konsequenzen: D’Palästinenser mellen sech an eiser Affaire vum Oflauschteren zu Wuert. Si soen et wier bestëmmt de Geheimdéngscht aus Israel den eis Dirigenten wollt oflauschteren. Fir si ass nees ganz kloer hire Feind I-SREL Schold an der lëtzebuerger Spionage Affaire.
Geschwënn Nowues: Et gouf enorm vill ze liesen iwwert di schwanger englesch Prinzessin. An all Zeitung stoung Kate’s vomit, Kate’s sickness oder Kate’s nausea…Si hätten an dem Fall “Kate’s” roueg anescht kënne schreiwen an zwar “Katz”.
Racing-Käerjeng de Remake wéinst Stroumpann: Op Kleeserchersdag huet de Racing gewonnen. Di Käerjenger si net frou a wollten um neutralen Stadion Josy Barthel spillen. Si wollten op Kleeserchersdag an d’Rutt d’Arlon spille goen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...