
Munneref: De Sportler vum Joer gëtt jo ëmmer zu Munneref gefeiert. D’Buergemeeschtesch freet sech wann et en Athlet ass den e Lien huet zu der Gemeng, oder wéi dëst Joer, zu hirem Numm. Zannter 2009 waren et di Munnerefer Schlecken. Dëst Joer konnt d’Madame Nagel dem Car-Nol felicitéieren.
Voice of Germany: Den James Borges koum op di 4. a lescht Plaz an der Final. Muenchereen konnt sech et denken wéi hien gewuer gouf datt hien mam Nelly Four-tado géif sangen.
Arcelor Mittal: D’lescht Woch waren si zu Florange entsat an elo zu Lëtzebuerg. De Kollektivvertrag gëtt jo hei gekënnegt. De Lakshmi Mittal zitt eis definitiv all iwwert-Indësch.
@pontifex: De Poopst huet grad dës Deeg säin éischten Tweet gepope-st. Et ass kee Wonner datt dat an der @vendszäit ass.
Staark Ärm: International war 2012 e grausamt Joer fir den Arm-strong. National gouf eise Powerlifter nees Weltmeeschter an hie krut e Spezialpräis um Sportgala. Hien huet wierklech ganz staark Ärm de Coim-bras.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...