
Parteiinterne Krich bei der ADR: dëst virun allem well si an eng ganz bedenklech riets Richtung ginn. Et ka sinn datt wann si sech nach laang d’Käpp aschloen si rout a blo Plazen op der wäisser Stier hunn. Dat gesäit dann, deemno wéi, aus wéi en „Front National“.
Exil: De Gerard Depardieu ass jo wéinst Steiervirdeeler an d’Belsch geplënnert wat a Frankräich e Skandal ausgeléist huet. Hien denkt elo, als Provokatioun, e belschen Asterix ze dréinen an den Depardieu wier den Obelge-ix.
Enn vun der Welt um 21. Dezember? Dofir hu muencher dru geduecht eng “Arche de Noé „ ze bauen wéi am alen Testament fir deemools der Apocalypse z’entgoen. D’“Arsch de Noé“ passt eigentlech gutt bei de Welt-Hënnergang.
Maya Kalänner an zukünfteg Katastrophe: De Monti huet sech um 21. Dezember, also grad um Dag wou d’Welt sollt ënner goen, zeréckgezunn. Dat hat sech schonn virun e puer Deeg ugedeit wéi de Berslusconi säi Retour an der Haaptstad vun der Lombardei an zwar zu Maya-land ugekënnegt hat.
Dem Gerard Lopez säin 2. Pilot huet elo och ënnerschriwwen: De Lëtzebuerger Lotus Boss huet eng Passioun fir alles wat op der Strooss fiert an och fir d’Vitesse. Hien huet jo ökologesch Taxien. Esouguer den Trainer vu sengem Football Club Fola heescht Strasser (de Numm Strasser kënnt aus dem Elsass an heescht Strooss) an de Kapitän ass de Schnell.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...