Suitte vu Florange: Am “Mëttel-alter” goufen d’Déifiewen, wou den Eisenäerz verschafft gouf, lues a lues ofgeschaf. Elo am Dezember sinn et éischter d’Héichiewen, di riskéieren ze verschwannen an dat am “Mittal-alter”.

Absolute Chaos bei der UMP: Den Alain Juppé, Buergermeeschter vu Bordeaux, gouf am November, um Ufank vun der Kris, geruff, fir am Krich tëscht dem Copé an dem Fillon ze schlichten. Fir an deem „Bordel“ kënnen den Iwwerbléck ze kréien, hu si also e Bordel-ais gefrot.

AUDIO: Flunkernews vum Serge Olmo: Best-of 2012!

Groussen Internationalen Dammentournoi am Tennis: D’Claudine Schaul ass dëst Joer am Oktober schonn an der Qualifikatioun vum Tournoi eliminéiert ginn. Hatt hat de Kapp net op der Plaz, well hatt jo di Zäit an enger Drogenaffaire dra war. Dës Editioun konnt et einfach net klappen op der Coke-elscheier.

Kee Stroum: De Match vum 8. Spilldag am Fussball tëscht dem RFCUL a Käerjeng gouf ofgebrach. D’Luuchte goungen de 4. Oktober um Verluerekascht net méi wéinst enger Stroumpann. Et ass een e wéineg erstaunt, wann ee weess, datt dee Stadion an der Rue Auguste Lumière ass.

Di syresch Oppositioun huet ëmmer méi Alliéiert: Si war am September esouguer op Visite a Russland a geschwënn och vläicht bei eis. Si gesäit da bestëmmt eis Haaptpolitiker. De Michel Wolter, President vun der CSV a Buergermeeschter vun der Gemeng mam neie Numm Käerjeng, weess wéi een „Bachar-age“ lass gëtt.

Gebuertsdag: International gouf vill am Juli vill iwwert d’Grupp Rolling Stones geschwat wéinst hire 50 Joer Carrière. National gouf vill iwwert d’Steng geschwat, déi dem Promoteur an der Affär Wickreng/Léiweng an de Wee gehäit goufen. Mer schwätzen hei also vum Grupp Rollinger Stones.

Topesch Supporter: Och op der Fussball-EM am Juni ware vill Hooligans ënnerwee, déi nëmmen Alkohol drénken an deemno quasi kee Waasser zou sech huelen. Firwat gëtt den Ufank vum Wuert Hooligans awer mat H2o geschriwwen?

Lännermatch: Eigentlech wollt d’FLF den 29. Mee en Heem-Match géint Italien hunn, well dat wiere richteg Suen an d’Keess ginn, mä et war geplangt an Italien ze spillen. Et war zwar keen Heem-Match, mä vu datt et zu Parma war, haten si wéinstens en Ham-Match erwaart. Et konnt awer leider net gespillt ginn.

D'Titanic gouf am Abrëll an enger 3D-Versioun presentéiert: Nieft der Längt an der Héicht ass jo d'Déift u sech déi 3. Dimensioun. Et freet een sech, wat esou e Film bréngt. Waren di 3.800 Meter beim Accident vun der Titanic net déif genuch?

Benedikt de XVI. am Mäerz op Kuba: Bei senger Visite op Kuba war de Poopst mat de Castro Bridder, nodeems se kubanesche Rumm geschmaacht haten, mat dem Papamobile ënnerwee. Et war awer kee Problem, well de Raul ass gefuer.

Sarkozy a Schengen: Den deemolege franséische President hat am Februar annoncéiert, datt hie géif fäerten, datt nach méi Leit aus dem Maghreb a Frankräich géifen awanderen. Hie wollt also den Accord vu Schengen a Fro stellen. De Sarkozy hat nämlech gemengt, datt de Buergermeeschter vu Schengen, Ben Homan, och aus dem Maghreb wier.

Internationale Volleyball-Tournoi: Den Novotel-Cup, éischte sportlechen Highlight vum Joer zu Lëtzebuerg, war nees fir Ufank Januar geplangt. Di wichtegst Elementer am Volley si jo d’Receptioun an de Service. Kee Wonner deemno, datt den Haaptsponsor vun der Volleysfederation eng Hotelchaîne ass.

Den nächste normale Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens…