Schoulvakanzen: D’Léierpersonal fänkt esou lues un sech un di nei Terminologie an der Grondschoul ze gewinnen. Wann si en Zuchticket reservéieren da froen si keen Ticket 1. Klass oder 2. mä en Ticket Cycle 2.1 oder Cycle 2.2.

No der Presidentewahl am Frankräich: Am Mee gouf gesot, datt d’Ségolène Royal eventuell Presidentin vum Parlement kinnt ginn. Dat wier net gutt ukomm, wann dem President seng Ex-Partnerin d’Haaptpersoun a senger „Chamber“ wier.

Panini Album virun der EM: Bal all Spiller hat Gel an den Hoer. Kee Wonner datt hir Fotoen gutt am Album gepecht hunn.

Schlecht koordinéiert tëscht Religioun a Sport: Um Donneschdeg gouf op Christi Himmelfahrt beim Pilgeren zu Wolz enorm vill gegrillt. E Freideg, also een Dag nom Grillen, koum awer eréischt d’ “Fleesch” du Sud zu Wolz un mat der drëtter Etapp .

De Cyclissem op der Olympiade: Zu London war et quasi di eenzeg Course vun der Saison wou d’Cyclisten keng Oreilletten hunn dierften undoen. Si waren also emol eng Kéier net mat hirem Directeur Sportif connectéiert. Komesch dat grad déi Kompetitioun “course en ligne” genannt gouf.

Olympesch Goldmedaile am Relais 4 Mol 100: Mëttlerweil hunn d’Jamaikaner esou vill gutt Leefer datt si e Relais 100 Mol 4 kinnten opsetzen a si kinnten nach gewannen.

London 2012: Op der Erëffnungzeremonie hat den Danny Boyle bei der 1. Szene d’Liewen op der Farm gewisen. Verschidden Déieren a virun allem Kéi waren am Mëttelpunkt. Vill Leit wollte déi Szene net mä de Boyle krut d’Ënnerstëtzung vum President vum Organisatiounscomité Sebastian Kou.

Vakanzentrafik: A Flandern gëtt et eng Gemeng di Berchem heescht. Ech hat mech gefrot wisou. Wéi ech an der Summervakanz op der Aire de Berchem war gouf nëmme Flammännesch geschwat an do wousst ech wisou.

AUDIO: Flunkernews Réckbléck-Bestof

2 Joer Profi: Eisen Zäitfuerspezialist hat am September  bei RNT en 2 Joers Kontrakt ënnerschriwwen. Hie wier awer bestëmmt besser bei Leopard bliwwen well do goufen et manner Problemer. Souwisou passt de Bob Djungels besser bei Leopard…

Doping: Déi international Vëlosfederatioun seet, datt déi aner Federatioune virun hirer eegener Dier solle kieren. Am Vëlo wier et wéinstens kloer, datt wat een manner gedoppt ass, wat ee méi hannen am Peloton fiert. Déi propperst Coureure si ganz hannen. Dowéinst sinn se och ganz no bei der „Voiture Balai“.

Parteiinterne Krich bei der ADR: dëst virun allem well si an eng ganz bedenklech riets Richtung ginn. Et ka sinn datt wann si sech nach laang d’Käpp aschloen si rout a blo Plazen op der wäisser Stir hunn. Dat gesäit dann, deemno wéi, aus wéi en „Front National“.

Voice of Germany: Den James Borges koum am Dezember op di 4. a lescht Plaz an der Final. Muenchereen konnt sech et denken wéi hien gewuer gouf datt hien mam Nelly Four-tado géif sangen.

Den nächste normale Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens…