Et ass Schnéi gefall a Syrien: Dem El Assad seng Truppen sinn di éischt di Biathlon maachen awer net op Zilscheiwen schéissen mä op d’Oppositiounsmemberen. En plus brauchen si emol keng Strofronn ze lafen wann et beim Schéissen net gudd klappt.

Parken an der Stad vill méi deier: Vill Clienten a Geschäftsleit si schéi rosen. Besonnesch d’Clienten vu de Prostituéierten sinn opbruecht. Si kënnen de Bus oder den Zuch net huelen mä si mussen mam Auto an d’Stad a si forcéiert mat den Dammen op Parkplazen ze fueren soss wieren si jo am Tra-fick.

Depardieu Prozess: De Gérard Depardieu muss viru Gericht well hien bei sengem Scooteraccident  ze vill Promill am Blutt haat. Seng Defens ass dat hien dee moien Blutt gespent hat. Hien hat also net zevill Alkohol am Blutt mä hien hat den Dag, fir säin normalen Alkoholverbrauch, manner Blutt.

Manif um Sonndeg zu Paräis: Et gëtt géint d’Bestueden vun den homosexuellen Koppelen manifestéiert. D’Argument ass datt d’Natur ni virgesinn huet datt d’Männer Kanner solle kréien. Ka sinn, mä firwat gëtt et dann eng Père-idurale.

Ballon d’or: De Lionel Messi ass och Ambassadeur vun der UNICEF a huet viru Kuerzem 100 000 € iwwer seng Fondatioun fir d’UNICEF Mexiko gespent. No den Argentineschen - an den Spuenesche Kanner huet hien elo d’Messi-kanner ënnerstëtzt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...