Interview vum Joer: An engem Dialoge mam Oprah Winfrey huet den Armstrong villes zouginn. D’Wuert Dialoge kënnt aus dem griicheschen an op griichesch heescht dialogéieren also schwätzen „EPO“. Wann dat awer keen Zoufall ass?

Affär Geheimdéngscht: Dem Premier säi Chauffer huet dozou bäigedroen datt den Fränk Schneider, de Marco Mille a gudd Kollegen vum Mille hu misste de SREL verloossen. Et war gudd gesinn e Chauffeur ze huelen well dem säi Zil ass et ouni „pro Mille“ ze sinn.

Duebel Belaaschtung: De Paul Helminger ass President vun de Verwaltungsréit vun der Cargolux an der Luxair. Hien huet 2 Kapen unn. Fir vill Leit ass et net méi de Paul Helm-inger mä de Paul Kap-inger.

„Mariage pour tous“ : D’Manif war en zimlech grousse Succès am Frankräich. An der Belsch gëtt et e och e Grupp den sech géint de Mariage  vun de Homosexuelen wiert. Si schreiwen d’Wuert Mariache mat « ch » well si sinn géint de Mariage « G ».

Kris zu Schieren: De Buergermeeschter an en Deel vum Schäfferot vu Schieren hunn demissionéiert. Di Schierener wollte Neiwahlen; si kréien awer Komplementarwahlen. Si fillen sech veraarscht a komme sech fir wéi net verstanen Schier-hënner.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...