Bilan no 3 Joer Grondschoul : Et si ganz vill Widderspréch di net gekläert sinn. Zum Beispill ass jo normalerweis e Sockel do fir sech drop ze sëtzen. Bei der Grondschoul ass et de Géigendeel; wann een de Sockel ereecht da bleift ee grad net sëtzen.

Autofestival 2013: Et gëtt dëst Joer besonnesch wäert geluecht op ecologesch Autoen. Steierlech kënnt ee jo besser ewech wann een en Auto huet dee manner Knascht aus dem Auspuff produzéiert. Déi Steier misst e bal „un pot voiture" nennen.

Affär SREL: No de verschiddenen Auditiounen weess een datt vill Lëtzebuerger wëssentlech op Répondueren geschwat hunn wou een d’Mailbox da kann oflauschteren. Leider goufen vill
Lëtzebuerger vum Geheimdéngscht  opgeholl ouni datt si et wossten an si kënnen d’Millebox emol net oflauschteren.

Wantersport: D’Chinesen sinn ëmmer besser am Sport ausser am Wantersport  a besonnesch am Bobfueren an an der Luge. Et ass een zwar iwwerrascht well si jo Schlittsaaen hunn.

Den Elitekader vum COSL gouf dës Woch presentéiert: Di selektionnéiert Athleten representéieren Lëtzebuerg bei internationalen Kompetitiounen a kréien deemno un d’Häerz geluecht eis Nationalhymn gudd ze kennen. De ganze Kader soll also dat Lidd kennen, et ass net fir näischt datt dat den „Ee Lidd“ Kader ass.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...

AUDIO: Flunkernews vum Serge Olmo