Den David Beckham um PSG: Beim Paräiser Veräin huet de Prënz vum Qatar d’Soen ausserhalb vum Terrain an den Duo Ibrahimovic/Beckham huet elo d’Soen um Terrain. Den Trainer kënnt sech vir, wéi wa seng Hänn komplett gebonnen wieren. Aarmen Carlo Handschell-otti.

Dem Frank Schleck seng Spär: Di Spär vun leschte Juli bis de Juli 2013 ka fir seng al Problemer am Réck eng positiv Wierkung hunn. Wann et esou ass, dann ass se wierklech réckwierkend.

AUDIO: D'Flunkernews vum 2. Februar vum Serge Olmo

Dopingdokter Fuentes: De Fuentes, Gynekolog vu Formatioun, wousst bei de Fraen, wéi seng Medikamenter op d'Collë géifen wierken, virun allem op de Col Utérin. Hie wollt och erausfannen, wéi seng Doping-Medikamenter bei de Männer op d'Collë géife wierken wéi op de Col de l'Alpe d‘Huez, Col du Galibier ...

Liichtmëssdag: Ganz vill Kanner a virun allem och ganz vill Mamme sinn all Joers bei kalem a schmuddelegem Wierder stonnelaang ënnerwee. Et ass, laut Statistiken, deen Dag, wou et di meescht Blosenerkältunge gëtt. Kee Wonner, datt d’Lidd "Léiwer Herrgotts-Blieschen" (Blasius) dem Hellege Blasius geweit ass.

Pekin geet am Smog ënner: Si mussen a China onbedéngt op d’Zich ëmzesteigen, déi manner Smog produzéieren wéi all di Milliounen Autoen. China huet och schonn di séierst Zich an huet de längsten TGV-Schinne-Reseau. Et ginn tatsächlech ëmmer méi Schinn-esen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...