
De Mariage Gay: An England, am Géigendeel vu Frankräich, hu se ganz séier d’Gesetz vum Mariage Gay gestëmmt. Par rapport zu de Fransousen hu si an England och de Virdeel datt si scho ganz laang lénks verkéieren.
Bilan vum Autofestival: Et gouf e liichte Réckgang bei de Visiten an dem Verkaf vun den Autoen. Ech haat e puer Autoen getest an haat enorm Problemer de Gang eranzekréien a no hannen ze fueren mat deene neien Modeller. Ech hunn also fonnt datt et kee liichte Réckgang war.
COSL; ënnert dem Elitekader ass de Promotiounskader: De Frank Schleck ass jo aus dem Elitekader eraus geholl ginn. Vläicht réckelen d’Späerwerfer Noémie Pleimling oder Tun Wagner no. Et ass also méiglech dat Späerwerfer noréckelen well de Schleck wéinst de Spär erausgeworf gouf.
Fed-Cup am Dammentennis: Am Prinzip hätt sollen um Mëttwoch an Israel gespillt ginn géint Slowenien. Si wollten awer onbedéngt en Dag méi spéit spillen an zwar um Fed-en Donneschdeg.
Rout ass d’Faarf vun der Léift: Am Prinzip sollt de Lännermatch géint Armenien op Valentinsdag gespillt ginn mee well den Datum net goung hunn se de Match virgezunn a sinn op Valence spille gaangen. Och wann et net de 14. Februar war war et wéinstens Valencetinsdag.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...