
Italienesch Spezialitéit: D’Italiener si spezialiséiert beim Mëschen vu verschiddenen Nuddelszorten. Nodeem de Skandal mam Päerdsfleesch bekannt gouf, gëtt di Mëschung net méi Tri de Pâtes mee Tiercé de Pâtes genannt.
Kalifornien ass geschockt: Do wou d’Western Filmer gedréint goufen a se ganz frou mat Päerd sinn ass d’Affär vum Päerdsfleesch an de gefruerene Lasagnes e riise Skandal dëst besonnesch an der bekannster kalifornescher Stad „Lasagnes Geles“.
D’Reprise gouf verluecht: Muenchereen hätt léiwer gehat d’Matcher wieren net all ofgesot ginn mee d’Arbitter hätten dat vu Match zu Match decidéiert ob et wéinst dem Schnéi spillbar ass oder net. Si si jo Schi-dsrichter.
Vältesdag: Et schéckt een sengem Léifsten meeschtens iwwer WiFi Messagen op Twitter, Facebook…Zu dem een e ganz gudden Drot huet schreift een also kabelos op Wlan-tinsdag.
Benedikt XVI : De Poopst huet sech zeréckgezunn well hien immens midd ass mee hie wëll absolut näischt huelen fir nuets besser ze schlofen. Fir hien ass et an der Nuecht net ze schlofen zwar wéi d’Häll op der Äerd mee et ass fir hie kloer datt keng Schlofp-Hölle geholl ginn.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...