Et huet sech elo jiddereen drop ageschoss: An enger Findus Lasagne gouf e klengen metallene Logo vu Citroën fonnt. Bei Findus ware se frou datt et dës Kéier emol näischt mat Päerdsfleesch ze dinn haat. Et war allerdéngs de Logo vun enger 2 CV.

De Päerdsfleeschskandal zitt weider Kreesser: Wéi den Client vun engem renoméierten Restaurant sech en gudde Päerdsbeefsteak bestallt huet war dëse schockéiert wéi kleng Stécker Lasagne dra waren.

Oscar Pistorius: Zu London op de Paralympics huet hie Gold gewonnen am 400 Meter. Et gëtt gesot datt hie fir Rio an enger anerer Disziplin géif matmaachen an zwar am Pistoul-Schéissen. Hien ass jo scho emol am Training…

Nees kee Football an der BGL Ligue: Muenchereen freet sech ob et net ass fir dem Haaptsponsor „Banque Générale BNP Paribas“ eng Freet ze maachen datt ee scho nees vu Remise Générale schwätzt.

Den Marc Dutroux bleift glécklecherweis am Prisong: Hie wollt zwar eraus fir dann mat engem Foussbracelet kontrolléiert ze ginn. Den Dutroux hätt da vill Gekabbels ronderëm ee Fous gehat; kee Wonner fir e Pied-o files.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...

AUDIO: D'Flunkernews vum Serge Olmo