Wien gëtt de Nofolger?: E freet een sech an dem Kontext  firwat d’Peepst  ëmmer eng Zuel hannert hirem Numm hunn. De Gronn ass elo bekannt an zwar kënnt dësen aus der Mathemathik.  E Nombre « Cardinal » ass jo 1,2,3…an de Poopst kënnt aus dem « Collège des Cardinaux ».

De Qatar huet d’Soen beim PSG: Zu Paräis gëtt ganz vill iwwer de Sponsoring vum Prënz aus dem Qatar geschwat. De Qatar ass e moslimescht Land wou „sans porc“ giess gëtt. Et ass een deemno iwwerraschend datt de Beck-ham esou am Mëttelpunkt steet.

Bommeleeër Prozess: Eis bescht Leit vum Barreau sinn am Asaz. Bei der Defense  ass et ënnert anerem d’Me Lorang. Bei den Affekoten ass also d’Me Lorang ganz bekannt; bei den Afen ass et de L’Orang Outan.

Wahlen an Italien: Nodeem an Italien de Leader vum „Mouvement 5 Stären“ di grouss Iwwerraschung  vun de Wahlen ass gëtt den Apparat fir ze grillen net méi Grillo genannt aus Respekt virum bäertegen Humorist mee Barbe-cue.

Leihmutterschaft ?: Zanter kuerzem gouf  bekannt  datt verschidden Marokkanesch Fraen, fir Lëtzebuerger Koppelen, Kanner sollen op d’Welt bruecht hunn. Et stellen sech ganz vill Froen. Virun allem hunn, d’Geschäfter déi  Liederproduiten fir di ganz kleng verkafen, elo e Problem. Dat si nämlech Maroquinerien déi op Bébéen spezialiséiert sinn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...

AUDIO: Flunkernews