Heiansdo si se méi lues: De Päerdsfleeschskandal ass och elo an der Schwäiz en Thema. Bei Neuchâtel ass en Duerf wou se besonnesch fäerten. D’Duerf heescht La Sagne. Vü datt d’Ofkierzung „ch“ och fir Päerd steet, huet een nach méi Bedenken wann op hire Site geet well d’Homepage vun der Stad ass Lasagne.ch.

Den Andy Schleck ass net a form: Bei der éischter Etape vun Tirreno Adriatico, e contre la Montre par Equipe, gëtt gesot den Andy wier vu senger Formatioun ofgehaange ginn. Dat ass net wouer. Di aner RLT Coureuren waren zwar virun him mä hie wollt just e bëssen d’Eenzelzäitfueren trainéieren.

Phantombild vum Bommeleeër an 3 D: Ech wollt de performanste Programm eroflueden fir di 3 D Biller kënnen ze kucken an ze verschaffen. Ech krut d’Phantombild awer net op well mäi Computer di verlaangten Extensioun „tnt“ net gelies kritt. Dat ass eigentlech komesch fir e Bild vum Bommeleeër.

Berlusconi geschwënn am Prisong?: De Cavaliere, President vum AC Milan, ass zu engem Joer Prisong condamnéiert ginn. Joerzéngtelaang ass hie seng Spiller mat de gesträiftene Tricoten an d’Kabinne besiche gaangen. Deemno wéi kënnen d’Spiller hien och gesträift erliewen wann si hien am Prisong hannert dem Gitter gesinn.

Den Handball Esch schreift Geschicht: Di Escher spillen e nächsten Sonndeg zu Hasselt d’Véierelsfinal vun der Coupe d‘Europe. Wann se gewannen gi se vläicht an de bekanntste Club vun der Stad feieren dee net wäit vun der Haal ass. De Club heescht Malibu. Dat passt zu der Stad well et erënnert een un „Alerte à Malibu“ an un den David Hasselt-hoff.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...