Affär Bommeleeër: D’Beweiser, fir di Ugekloten z’accuséieren, si fir de Procureur Georges Oswald. Fir wie sinn déi
Beweiser? Grammatesch gesinn an a Wierklechkeet ass de Procureur Oswald den Accusativobjekt.

Neie Poopst: De Franziskus ass jo ganz fir di aarm Leit engagéiert. Et gëtt gesot, datt de Vatikan wäert en Internetportal lancéieren, fir Artikelen vum neie Poopst ze verkafen an dann d’Suen un di aarm Leit ze ginn. Den Numm vum Site ass wahrscheinlech Ebay-mus Papam.

Den Andy Schleck nees an Diskussioun: Wat ass dann dorunner schlëmm, wann een de Weekend e Patt ze vill drénkt? Seng Equipe ass der Iwwerzeegung, datt hie bei der nächster Course den 23. a 24. Mäerz nees ganz motivéiert dobäi wäert sinn. D’Course dierft dem Andy och zousoen, et ass dat de Crité-rhum International.

CSV-Kongress: Den neie Logo setzt nach méi op orange. D’Buschtawen um Logo stamen also vum Orangëbaam "Citrus Sinensis" an d'Orangë sinn immens "vitaminéiert". Deemno passt Orange bei CSV.

Formule 1: D’Firma Coca-Cola ass mat hirem energeteschen Drink „Burn“ zeréck an der Formule 1 als Sponsor an zwar bei Lotus. Domadder huet den energeteschen Drink Red Bull eng Konkurrenz. An Australien besonnesch sinn se net esou fir Red Bull oder Cola Light, mä d’Leit sinn éischter fir d'Coala.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...