
Iwwerraschende Remis bei Spuenien-Finnland: Finnland, dat Land wou bal nëmmen aus Bëscher besteet, hat d’Taktik vum Spueneschen Weltmeeschter Trainer immens gudd verstaan. Kee Wonner datt, d’Spezialisten vun de Bëscher, d’Taktik vum Trainer Del Bosque kennen well „Bosque“ heescht jo Bësch. Emol kucken ob si um Dënschdeg géint Lëtzebuerg, nom Bësch, och mat der Taktik vum Hol(t)z eenz ginn.
RLT endlech lancéiert ? De Fabian Cancellara huet eng flott Victoire am E3 Semi-Klassiker gefeiert. Et wier elo an de nächsten Wochen méi wichteg bei den 8N (Ardennes) Klassiker ze glänzen.
ADEM: Nom Récktrëtt vum Direkter well, sech ëmm d’Aarbecht ze këmmeren, net seng Vokatioun war, hunn elo all di wichteg Leit am Kader vun der ADEM eppes mat der Aarbecht um Hutt. Dem Minister Schmit säi Numm kënnt vum Beruff Schmatt, di nei Directrice Schlesser an d’Directrice adjointe Wagner hunn och Nimm déi vu Beruffer stamen.
Grouss Finanzkris: Et ass normal datt d’Zypern, wat wéi Griicheland an der Kris ass, mat engem „i grecque“ geschriwwe gëtt. D’Russen fillen sech beruff de Zyprioten ze hëllefen. D’Land heescht jo och Cyp-rus. Nawell ass di russesch Manéier guer net gudd ukomm a no Affär Pussy Riots fäert een eng Affär Zyp-Riotes.
Franziskus: Mat der Wahl vun engem neie Poopst aus Argentinien erhoffen sech d’Chrëschten en neien gudde Wand. Kee Wonner deemno datt e Poopst gewielt gouf dee vu Buenos Aires kënnt wat jo gudde Wand heescht.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...