Neie Sponsor bei RLT: Zanter dëser Woch ass gewosst datt e neien Sponsor bei di Lëtzebuerger Velosequipe koum. Et ass dat B Pure en Energiedrink den aus Bierejus gemaach gëtt. Mat Hëllef vun dem Drink sollt et dann elo besser bier-gop goen an den Klassiker a virun allem am Tour de France. 

Velosport: De grousse Klassiker den ëm Ouschteren programméiert ass gëtt dëst Joer 100 Joer aal a gëtt  2013 esouguer genee op Ouschteren gefuer. 100 gëtt mat enger 1 an zwee Eeër geschriwwen. De Klassiker um Ouschtersonndeg heescht net fir näischt  Tour d’Ee Flandres.

Kris op Zypern: Di Zypriotesch Handball Nationalequipe spillt e Mëttwoch an der Coque géint Lëtzebuerg. Nodeems eng Woch d’Banken op der Insel zou waren konnten d’Leit elo nëmme ganz wéineg Suen ophiewen. Si wäerten e Mëttwoch  virum Match all hir Reserven op d’Banke siche goen éier si sech Owes an der Coque op der Reservebänk sëtzen.

De Vettel grouss an der Kritik: Hien huet säi Co-Equipier geféierlech a Malaysien  iwwerholl. De Sebastian Vettel kritt ëmmer gesot hie soll d’Autoen vun alle Marken iwwerhuelen mä vun elo un awer net méi d’Mark Webber Monoplace.

All Joer vill Reklamatiounen bei der Summerzäit: Um Ouschterweekend gëtt also d’Auer no fir geréckelt.  D’Chrëschten reklaméieren dëst Joer net datt se manner kënne schlofen well d’Ouschternuecht  déi  Nuecht  ass wou och Christus net laang geschlof huet an Operstanen ass.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...