
Paradoxe am Cyclissem: Et war besonnesch am Tour des Flandres opgefall datt d’Coureuren op alle Stroossen, sief et op Autobunnen, duerch Stied a Dierfer hunn dierfte fueren oder op Feldweeër answ. Si kruten erstaunlecherweis just verbueden op Vëlosweeër ze fueren.
Emaischen 2013: Fir datt et um Ouschterméindeg manner Gewulz soll ginn zu Nouspelt soll ëmmer méi opkommen datt d’Péckvillercher an Zukunft online, also iwwer Mail, kënnen bestallt ginn. Di online Versioun vun der Emaischen géif dann d’Email-schen heeschen.
Geschwënn di grouss Touren: Et gëtt sech lues a sécher op di grouss Etappecourssen preparéiert. Op Päischtsonndeg zum Beispill ass di schwéierst Etapp am Giro d’Italia mat den héchsten Prozenter um Col du Galibier. Kee Wonner datt dat op Pente-Côte ass.
Briddelerlech Feinden: Südkorea a Nordkorea ginn sech ëmmer a bei all Provokatioun een dem ANER d’Schold dofir ginn d’Awunner vum Norden oder vum Süden eben Kore-ANER genannt.
Bommeleeër Prozess geschwënn d’Suite: Tëscht 1984 a 1986 stoungen op de Felder wou d’Attentater waren mënschlech Figuren fir di Virwëtzeg, d’Press oder vläicht di interesséiert Juristen ofzeblocken a vläicht Indizien ze verstoppen. Elo hunn d’Leit keng Angscht méi an di eventuell Vogelscheuchen kréien emol sécher de Maître Vogel net méi verjot.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...