Versuch sech eraus ze rappen : Den ex franséische Budgetsminister, deen e Kont a der Schwäiz hat, wollt sech erausrieden mä hien huet sech just nach méi blaméiert wéi hie sot datt säi Kont zwar an der Schwäiz wier mä an der franséischer Schwäiz.

Maskottchen fir d’JPEE 2013: Iergendwéi erënnert de Ready, d’Maskottchen vun den Spiller vun de klenge Länner, een e wéinesch un den Held vum Steven Spielberg sengem Kultfilm.  Dat ass kee Wonner fir d’Maskottchen vun de „Jeux des Petits ET “.

USA; dach e politeschen Accord: D‘Democraten an d’Republikaner si sech schlussendlech eenz ginn fir d’Waffen ze reduzéieren…awer a Nordkorea.

Keen Damp méi an de Bistroten: D’Fraen hu lang misste kämpfen a fir muencher eent ass d’Fëmmen en Zeechen vu Fräiheet. Elo dierfen si  net méi an de Bistroten eng Zigarett umaachen. Wann se sech an de Bistroten treffen, sinn déi déi sech fir d’Fraen asetzen, keng Fëministen méi.

Lag vun der Natioun: Dem Premier seng Ried huet kéipweis Sujeten ugeschnidden ; et ass deemno nëmme logesch datt wann een iwwer e Koup Sujete schwätz di Déclaratioun „Déclaration sur les tas de la Nation“ heescht.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...

AUDIO: Flunkernews 14