
Jesuiten: De Poopst, den e Jesuit ass, setzt sech jo vill fir di Arm an. Eisen Äerzbëschof ass jo och e Jesuit. Hie probéiert sech och fir di Arm anzesetzen, besonnesch elo während der Octav, mä dat ass net esou evident wann een Holle-rich heescht.
JPEE, dach all Natioun present: All di concernéiert Instanzen wollten datt, d’Mëttelmierinsel déi an er Kris stëscht, kinnt bei de Spiller matmaachen. Si hunn sech, wéi si annoncéiert haten, zesummen gesat an hunn eng Léisung fonnt. All hu si un hire Prin-Zypern festgehalen.
Nach ëmmer Protester: A Frankräich gi nach ëmmer vill Leit géint de Mariage vun homosexuellen Koppelen op d’Strooss. D’Argumenter sinn dacks net nozevollzéien. Vill vun hinne kënne quasi net liesen a schreiwen, si si géint di Homosexuell a bieden vill. Et kinnt ee vun Anal-pha-beten schwätzen.
Ardennenklassiker: Et ass quasi all Joer garantéiert datt den 2. Ardennenklassiker um Mur de Huy decidéiert gëtt. Vü datt dat tatsächlech eng Mauer ass gëtt d’Course Flèche Wall-onne genannt.
Ex President vum Venezuela: Säi Nofolger Maduro gëtt weider kontestéiert währenddem de Sarg vum ex President nach enorm vill Visiten huet. De imposante Sarg gesäit aus wéi e flotte Schaf. Och no sengem Dout bleift de Schafes ganz populär.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...