
Wee gëtt den Nofolger vum François Biltgen? D’Decisioun soll um Samschdeg falen. Et ass just e bëssen eegen, datt den Numm vum neie Justizminister am Centre Convict soll bekannt ginn, well e Convict jo e Veruerteelten ass.
Et ass vill lass a Frankräich: Et waren immens vill Manifestatioune géint dat neit d’Gesetz "Le Mariage pour tous". Méi akut Saache sinn der Oppositioun entgaangen. De Chômage ass enorm geklommen. Am ganzen Tumult ass net gemierkt ginn, datt si elo d’Gesetz "Le Chômage pour tous" am Gaange sinn anzeféieren.
Hondssteier: A Bayern muss een eng ganz deier Hondssteier bezuelen. Vill Leit zu München wëllen awer elo d’Steiere fir d’Hënn oder allgemeng d’Steieren net méi bezuelen. De bekanntsten ass den Uli Hënn-ess.
Neien an ale President: Den Giorgio Napolitano, deen - wéi säin Numm et seet - vun Neapel kënnt, wollt net méi fir zweet President ginn. De Mann vu Ne-Apel, dee fir säin héijen Alter nach vill Jus huet, wollt eigentlech fir d’zweet just Viz-epresident sinn.
Handball Esch: Den Handball Esch hat an der Halleffinale a Rumänien exzellent gespillt an hat fir de Retourmatch nach alles an eegener Hand, wat jo gutt passt fir den Handball a géint d‘Rou-mains. Wichtegste Mann an der Verteidegung war do den erfuerenen Rou-main Labonté.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...