Den Handball Esch huet Geschicht geschriwwen: D’Equipe vun Esch muss an der Finale géint eng staark wäissrussesch Formatioun untrieden. Am Fong passt dat datt d’Equipe aus der Mine-tte Metropole géint Mine-sk spillt.

Just Coupe am Football an am Handball um 1. Mee: De Feierdag ass jo d’Fest vum Schaffen; dofir gouf keng Football- an Handball Mee-schter-schafft gespillt mä just d’Coupe.

D’Tennis Nationaltrainer kréien keng CDIen méi: Firwat dës Opreegung? Et kléngt zwar ganz logesch datt elo fir d’Saison dobaussen, also op terre battue, di Trainer contrat à durée dé-terre-minée kréien.

D’Leit vun OPE dinn engem immens leed: D’Decideuren gesinn d’Situatioun mat Hëllef vun den Zuelen ganz mathematesch a wahrscheinlech relativ objektiv. Si vergiessen awer datt et hei éischter ëm perséinlech Situatiounen an Impressiounen geet. Dat Objektivt ass net esou wichteg. Eigentlech kinnt een dee Réseau elo „Subjectiv plein Emploi“ nennen.

Fëmmverbuet am Prinzip 2014: An e puer Méint ass et et esou wäit an et dierf och net méi an Caféen gefëmmt ginn. Ganz vill Leit sinn immens verbruet  a probéieren dat z’ëmgoen anerer  si just nëmmen enttäuscht. Op ganz villen Plazen wäert et deemno e richtege Fëmmverbruet ginn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...