
Waffen an den USA: Di lescht Zäit gouf et grausamTëschefäll mat bewaffnete klenge Kanner. Wann een also an den USA an enger Crèche seet datt e Kand eppes a sengem Casier huet dann huet dee Klengen bestëmmt schonn op ee geschoss.
München komplett am routwäisse Féiwer: Zu München gesäit een nëmmen rout a wäiss Fändelen, T-Shirten, Calicoten oder Schalen. Beim Erausfueren aus engem Parking huet sech e Bayernfan säin Auto beschiedegt. Dat war an der Sortie vun dem Parking an et war dës Kéier kee Bayern Schal mä d’Parkingsbarrière.
Pressekonferenz fir den Tennistournoi op der Kockelscheier: Di ex Nummer 1 vun der Welt ass am Oktober dobäi; donieft goufen global d’Spillzäiten virgestallt. Di wichteg Matcher ginn meeschtens ganz spéit am Nomëtten, Owes an um Week-end gespillt. Also ëmmer dann wann d’Banken zou hunn. Firwat heescht den Tournoi BGL BNP Paribas open?
JPEE Disziplinnen; den Handball wëll scho laang dobäi sinn: Den Handball Esch spillt elo seng Finale an der Arena vun der Coque wann sech di aner Federatiounen op d’Spiller preparéieren. Domatter ass den Handball dach e wéinesch bei de Spiller vun de klénge Länner vertrueden.
Christi Himmelfahrt zu Wolz: Et war nees e gelongen Mutter Gottes vun Fatima Pelierinage, haaptsächlech fir eis portugisesch Frënn. De Pelerinage ass ëmmer um 4 Dag vun der Woch well „Donneschdeg“ zimlech portugisesch kléngt.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...