
Fliedermaus; Symbol vun engem Comicsheld: En Awunner aus dem Süden vum Land gouf a senger Schlofkummer vun enger tollwutkranker Fliedermaus ugegraff. Kee Wonner datt dat Déier bis an d’Schlofkummer koum well et ass jo de Symbol vum Bett-man.
De SREL huet mat Luxus Autoen traffiquéiert: Firwat ass dat esou schockant ? De beléifstenen Geheimagent James Bond huet och ëmmer Luxusautoen déi manipuléiert ginn an da wahrscheinlech mat allen Gadgeten vill méi deier un aner Geheimdéngschter weiderverkaf ginn.
Cyclissem; en anere Genre Skandal: Den Tom Boonen; Leader vun der Equipe Quick Step, der Firma déi Lamellen aus Holz fir de Buedem produzéiert, kritt et wéinst Steierhannerzéiung geschwënn mat engem anere Parquet ze dinn mä do si keng Coureuren mä Procureuren.
Tour duerch Kalifornien: Den Andy Schleck gouf do ugemellt well hie guer net a Form war. A Kalifornien si si souwisou 9 Stonnen hannendran, da géif de Retard am Klassement net esou opfalen. Dat war awer net noutwendeg well hie glécklecherweis nees besser drop ass.
Titelverdeedeger am Fussball: Genee wéi an Holland bei den Hären gouf hei zu Land bei den Dammen den Titel verdeedegt. Bei den Dammen ass hei komeschererweis Jong-lënster Champion an an Holland bei den Hären ass Amster-dames top.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...