Den eenzegen internationale Reitturnoi zu Lëtzebuerg gëtt verluecht: Um Tournéier gëtt sécher keng Lasagna zerwéiert. Während dem Skandal war tëscht dem Deeg Päerdsfleesch. Am Réiserbann wëllen se ronderëm dem Fleesch op kee Fall Päerdsdeeg.

De Joel Wolff bei der Champions-League-Finale: De Generalsekretär vun der FLF ass Haapt-Uefa-Delegéierte bei der Champions-League-Finale, wuelverstane bei de Männer, obwuel et bei den Dammen och gepasst hätt, well do huet Wolfsburg géint Lyon gewonnen.

Giro d’Italia: De Lëtzebuerger Vertrieder huet um Donneschdeg eng grouss Performance fäerdeg bruecht. Kee Wonner, datt hien am Contre la Montre Gas ginn huet; de Ben Gas-t-Auer.

Päischtdënschdeg: No enger Paus goung et am Bommeleeër Prozess, wou et natierlech ëm d’Sprengstoffer geet, virun. Um Päischtdënschdeg sinn d’Leit also esouwuel bei d’Sprangprësessioun gepilgert wéi bei d’Sprengprësessioun. Zu Iechternach goung et ëm de Willibrord, 1. Bëschof vun Ut-recht. Beim Bommeleeër-Prozess geet et ëm d’Recht.

Héije Besuch aus Holland: Elo fir den Ufank vun der Päischtvakanz kommen d’Maxima an de Willem Alexander op Lëtzebuerg. Dëse Weekend komme souwisou vill Hollänner bei eis. Dës sinn éischter op der Aire de Berchem a ginn net bei de Willem Alexand-Aire an de Château de Berg.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...