Nei Kandidatur: D’Englänner wëllen net ëmmer nëmmen mat Groussbritannien bei den Olympesche Spiller matmaachen, mä och eng Kéier eleng vläicht  bei de JPEE. Island ass net vill méi kleng wéi England mat 103 000 km2; England ass 130 000 km2 grouss. Bei de Spiller vun de klenge Länner wier et dann Kl-England.

Den Optakt war perfekt vun de Spiller: Den 1. Dag, mat der Erëffnungsfeier, war den 27. Mee an um éischten Sportsdag goufen et 27 Mee-dailen.

Qualifikatioun fir d’Spiller: Ass et well d’Länner ganz kleng sinn datt een huet missten e Mini-ma erreechen fir iwwerhaapt dierfen mat ze maachen?

Mariage pour Tous: A Frankräich ginn et nach ëmmer Maniffen géint de Mariage vu gläichgeschlechtlechen Koppelen. Di riets Extrem an de  Front National sinn do ganz engagéiert. De Front ass aktiv well et jo ëm d’Be-Stir-tnis geet.

2 Touren parallel: Den Tour de Suisse an den Tour de Luxembourg lafen deelweis di selwecht Zäit. Muench grouss Cyclissem Fans sinn e wéineg gehäit a wësse net wouhin si sollen fueren. Verschiddener déi sech net decidéieren kënnen fueren an de Mëllerdall fir di 2 ze verbannen…

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...