Tour de Luxembourg: Dëst Joer gëtt et méi wéi sécher eng Victoire vun engem Favorit. D’Favoriten sin ëmmer di stäerkst um Pabeier an di lescht Etapp kënnt grad um Pabeierbierg un.

Marathon 2013: Zanter 2006 war de Marathon schonn den drëtten vum Mount, den aachten, den eeleften, de fofzéngten, den dräianzwanzegten a schonn 2 Mol den nonzéngten. De Marathon, den bis an d’Nuecht gelaf gëtt, war awer nach ni de Nuechtzéngten vum Mount.

Roland Garros: Di wichteg Matcher ginn all um Court Central oder um Court Suzanne Lenglen programméiert. De beschte Fransous huet 5 vu sengen 6 Matcher um Court Central gespillt. Komesch datt den Zonga just 1 Mol um Langue-Len gespillt huet.

Eclat am Parlament: Den Deputéierten Fernand Kartheiser war en Duebel Agent a dowéinst gëtt hien vun aneren Deputéierten opgefuerdert aus der Chamber ze demissionéieren. Hie ka roueg am ADR bleiwen mä zwar dann an der Agent Double Reformpartei.

Krich a Syrien: D’Beweiser sinn do. Et ass Sarin Gas vun de Regierungstruppen benotzt ginn.  Nom Asetzen vum gëftege Gas missten och seng Alliéiert definitiv soen „El-Assad
gëftesch !“

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...

AUDIO: Flunkernews