
Héichwaasser: Besonnesch an 3 Länner goufen et di lescht Wochen immens Problemer mat Héichwaasser. Et war an Däitschland wou di haapt Responsabel Angela Meer-kel heescht, an der Tscheschei wou de President Milos See-mann heescht an an Éisträich wou de Numm vum Federal President Heinz Fischer ass.
Schlëmm Bëschbränn: Am Colorado an der Black Forest net wäit ewech vun de Bëscher vu Beaver Creek si ganz vill Beem verbrannt. Hei zu Land am „Biever Krieg“ brennt politesch fatzeg de Bam.
USA am Syrien Konflikt: Fir den President Obama ass definitiv am Syrien Konflikt di rout Linn erreecht. Fir ze maachen wéi doheem kann d‘CIA dann also d'Telefonsgespréicher oflauschteren well se jo elo d’Linn erreecht hunn.
TDL: De Lëtzebuerger Profi Jempy Drucker vun der Equipe „Accent Job“ gëtt vu sengem Numm hir dacks Printer genannt a well hie séier ass op der leschter Ligne droite gëtt och vun him gesot hie wier e S-Printer.
Falschen Allarm: Op der 4. Etapp vu Tour de Suisse gouf den Andy Schleck no laanger Zäit nees den éischten…awer den Honnert an éischten.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...