Explosiv: De Luc Frieden gouf zu engem groussen Deel an der Bommeleeër Affaire entlaascht. Vläicht huet de Minister Frieden e Präis zegutt well hien geschleeft gouf. Vü datt den Alfred Nobel den Erfinder war vum Dynamite kritt de Justizminister an der Bommeleeër Affaire vläicht de Friedens-Nobelpräis.

Pressefräiheet: Zu New York, wou d’Pressefräiheet grouss ass, steet jo d’Symbolmounument aus Amerika an zwar d’Fräiheetsstatue. Zu Käerjeng, dem Michel Wolter senger Stad, stoung laang eis „Fräiheetsstatue“ d’Gëlle Fra. Et war zu Käerjeng awer bestëmmt net d’Pressefräiheetsstatue.

Fussballstaren: Den Benzema an de Ribéry musse geschwënn viru Geriicht well si sollen Sex gehat hunn mat enger minderjährescher Prostituéiert. Et ass gewosst datt de Ribéry net ganz intelligent ass. Hie sot datt hien net wosst wat „minderjähresch“ heescht, si hätten him misste soen dat di Prostituéiert U-18 wier.

Russland ënnerstëtzt den El-Assad: Den El-Assad ass de Leader vun der Baaspartei a Syrien a seng Unhänger an hien sinn Baasisten. A Plaz hien z’ënnerstëtzen misst den Putin hien bei d’Pussy Riots an de Prisong schécken; dann hätt di Band och e Baasist.

D’Griichen behalen hir Tele: Di National Tele dierf weider a Griichenland senden. D’Griichen, déi och Helenen genannt ginn, hu sech mat Hänn a Féiss gewiert fir datt hir d’Tele net sollt zou gemaach ginn. Si gi net fir näischt T-Hele-nen genannt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...

AUDIO: D'Flunkernews vum Serge Olmo